Ätheresch Ueleger

Et ginn ëmmer méi Léit, déi sech fir alternativ Medezin intresséieren: wéi z.B. Homeopathie, Phytotherapie, Gemmotherapie an och ätheresch/ aromatesch  Ueleger (huiles essentielles, och nach Essenze genannt). An dësem Schnupperdag kritt Där vun der Mme Gabrielle Gengler Informatiounen zu dësen äthereschen Ueleger: wat sinn eigentlech aromatesch Ueleger? Wéi ginn se hiergestallt? wéi kënnen se wierken? Wéi a wou kënnen se agesat ginn? Där kennt d’Ueleger duerch Riche kenneléieren.

Nom theoreteschen Deel ka jiddereen sech en Raumspray sëlwer zesummestellen a mat heem huelen.

Meindes, de 15. Januar 2018 vun 14.00 bis 18.00 Auer

Onkäschtebeitrag fir de Cours, Ënnerlagen an Ueleg: 55€

Där kritt Ënnerlagen zum Cours ausgedeelt. Bréngt w.e.g. och e Bic an e Block mat wann Där weider Notize wëllt huelen.

Minimum 5, Maximum 12 Léit.

Mellt Iech als éischt un. Iwwerweist da mam Vermierk « Ätheresch Ueleger