Ausstellung „De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck

De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck retracéiert d’Geschicht vun der bekanntester BD zu Lëtzebuerg. Wéi ass et zu der Zesummenaarbecht tëschent dem Zeenarist Lucien Czuga an dem Zeechner Roger Leiner komm? Wéi vill Lëtzebuerg stécht a Luxusbuerg? A wéi bréngt de Superjhemp et fäerdeg, mat Kachkéis d’Dynastie ze retten a Luxusbuerg zu engem vun de sécherste Länner vun der Welt ze maachen?

Fir déi alleréischte Kéier huet eng Allianz aus Comiczeechner, Frënn a Wëssenschaftler eng Expeditioun an de Superjhemp-Universum gewot an onverëffentlecht Dokumenter, nei Zeechnungen an onerwaarten Erkenntnisser mat zeréckbruecht. Eng Erliefnisrees duerch dräi Joerzéngte fir déi agefleeschte Fans vun der éischter Stonn a fir déi, déi just de “Retörn” vum Superjhemp kennen.

© Melvin Hatto/moien.lu

De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck retracéiert d’Geschicht vun der bekanntster BD zu Lëtzebuerg.

An enger éischter Etapp gëtt den historeschen Aspekt vu Comicken zu Lëtzebuerg ënnert d’Lupp geholl.

An enger zweeter Phas geet et dann ëm d’Zesummenaarbecht tëscht dem Zeechner Roger Leiner an dem Zeenarist Lucien Czuga.

An engem drëtte Raum ginn dann d’Personnagen aus dem Superjhemp-Universum analyséiert.

Am nächste Raum geet et da vill ëm d’Identitéit vu Luxusbuerg a senge Bierger.

De Schluss vun der Ausstellung hëlt sech dann nach dem Thema vun der Vermaartung an dem Film un.

Donneschdes, 3. Oktober

um 14:15 Auer:      Visite guidée

(Rv virum CNL zu Miersch)

Präis:                         gratis

Wir bitten Sie sich telefonisch 33 40 10 – 1 oder per E-Mail becheler@50-plus.lu bis zum 26. September anzumelden.