Bachbléien

Där wëllt léieren wei där d’Bachbléien am Alldag gebrauche kënnt? Dann ass dës Formatioun ideal fir iech. Hei kritt där eng zolidd Basis fir d’Bachbléie fir iech, är Frënn an är Famill unzewenden.

Um Programm:

detailléiert Informatiounen iwwert 38 Bachbléien

Fallbeispiller a praktesch Fäll

d’Noutfalldrëpsen an hir Uwendungen

d’Geschicht an d’Philosophie vum Dr Bach

de Gebrauch vun de Bléien am Alldag fir sech selwer, d’Frënn a Famill.

Dëse Seminaire ass vum Bach Centre an England unerkannt an Där kritt en Certificat.

4 Couren donneschdes a freides:  27. Februar; 28. Februar; 5. Mäerz a 6. Mäerz 2020 jeweils vun 8.45 bis 12 Auer.

Formatrice: Malou Tibor

De Cours gëtt op lëtzebuergesch gehalen.

Minimum 6 a Maximum 12 Teilnehmer.

Onkäschtebeitrag: 250 €, schrëftlech Ënnerlagen abegraff.

Mellt Iech als éischt un. Iwwerweist da mam Vermierk „Bachbléien“.