Beaujolais & Kabaret mam Roland Meyer

Glous

Eng kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer

“Fréier war alles besser”, gëtt ëmmer nees gesot, dobäi war villes gutt wat hätt kënne besser sinn a villes war schlecht, well mir et net besser woussten. Et war eben anescht!

“Glous” ass eng kabarettistesch Liesung aus enger Zäit ouni Handy a Computer, ouni  Kreditkaart a Greta, dofir iewer mat Fräiheet a Gréisst. Mir si mëttes ouni Opsiicht an de Bësch gaangen an owes hu mir op der Strooss Football gespillt. A mir hunn et iwwerlieft. An der Schoul goufen et Punkten a Pouten a jiddereen huet gefëmmt.

De Roland Meyer mécht sech mat vill hannerhältegem Humouer an onerwaartem Sproochwitz op d’Sich no enger verluerener Zäit, woubäi hien net ëmmer sécher ass, ob en net just nach ee poléiert Spigelbild dovun erbléckst an ob en se och wierklech erëmfanne wëllt. An trotzdem gloust et nach an eis bannenan.

Ummeldungen : sauerwisen@pt.lu oder 56 40 40

Präis: 39,50€ (inkl. 2 Glieser Beaujolais an eng Assiette mat Ham a Kéis)

Wou? – Café « Am Heim » zu Rëmeleng (23 Grand-Rue, 3730 Rumelange)