D‘Baltesch Länner mat St. Petersburg e Film vum Norbert Lepage

A 60 Minutten entdecke mir  nët manner wéi 4 Länner déi un der Ostküst vum Baltësche Mier leien:

Litauen, d’russesch Exclave Kaliningrad, Lettland an Estland.  Mir fannen hei keng opreegent Landschafte vir, t‘ass alles zimlech flaach, mee duerfir  sinn hir Stied ëmsou méi spektakulär.

Vilnius, d’Haaptstad vu Litauen, d‘Waasserbuerg Trakai, Kaunas.  Mir fueren iwwer d’Grenz, kommen an d’Provënz Kaliningrad, déi  fréier ostpreisesch Stad Königsberg, Heemecht vum Immanuel Kant a Käthe Kollwitz. Da geet  et duerch d’Kurische Nehrung (=Lagun) op Nida,  mat Bernsteingalerie an Thomas Mann Haus. En éischten Héichpunkt fanne mer zu Riga, Haaptstad vu Lettland mat „Backsteingotik“ a wonnerschéi Jugendstilhäiser. Aner lettesch Stad: Cesis

Eis éischt Etapp an Estland ass d’Seebad Pärnu. An dann Talinn, d‘Haaptstad : eise „coup de coeur“ mat enger mëttelalterlecher  Ënneschtstad  an enger pittoresken Uewerstad.

Zum Schluss, geet et weider duerch Russland bis St. Petersburg mat den Héichpunkten Zarskoe Selo (Katherinenpalais), Eremitage a  Peterhof.

Méindeg, 15. Januar

um 16:00 Auer

am Club Haus Am Becheler

Mir treffen eis ab 14.30 Auer gemittlech bei engem Stéck Kuch an enger Taass Kaffi am Clubraum. Duerno kucke mir all zesummen de flotte Film.

Mellt Iech w.e.g. un! Mir soen Merci.