De Nikola Tesla (1856 – 1943) Konferenz mam Claude Hallé

Haut kenne mer säin Numm duerch en technesch fortschrëttlechen Elektroauto. Visionär, Genie, Erfanner, Wëssenschaftler, Spënner, Unikum, Showmaster;  alles dat war den Nikola Tesla.  En ass awer och ouni Zweiwel ee vun de bedeitendste Personnagen aus dem Schluss vum 19ten  an dem Ufank vum 20te Joerhonnert.

Datt mer haut Stroum an der Steckdous hunn, oder Radio lauschtere kënnen, verdanke mer  dësem gebiertege Serb, deen zu New York zesumme mam Thomas Edison, Zäit vun der Elektrizitéit agelaut huet.

111 Patenter huet den Tesla ugemellt, vun deenen der nach haut eng Rei net richteg verstan goufen.

An dësem Virtrag geet den Här Hallé op dem Nikola Tesla säi mouvementéiert Liewen an, a seng Iddien an Experimenter, déi em net nëmme Frënn abruecht hunn.

Ëmmer erëm ass e vun der sougenannter etabléierter Wëssenschaft „vergiess“ ginn. Trotzdem bleift den Nicola Tesla ee vun deenen interessantsten an och mysteriéste Personnagen aus dem leschte Joerhonnert.

Bis an déi heiteg Zäit ginn eng Rei vu sengen Iddien ëmmer erëm nei interpretéiert a versicht an d’Realitéit ëmzesetzen.

Wien interesséiert ass, ka sech scho mat eis um 12.30 Auer

gemittlech fir d’Mëttegiessen am Clubraum treffen. Zerwéiert gëtt de Menü du jour fir 13 €.

Um 15.00 Auer fänkt d’Konferenz un.

Méindeg, 12. Mäerz

um 15:00 Auer

am Club Haus Am Becheler

Mellt Iech w.e.g. un! Mir soe Merci.