Elektrosmog. Konferenz mam Claude Hallé

Elektromagnéitesch Ëmwelt – verdréiglechkeet allgemeng och als Elektrosmog bekannt, ass eng villsäiteg a komplex Problematik. Ëmmerhi geet et ëm d’Gesondheet, respektiv em d’Fro op elektromagnéitesch Felder schiedlech si fir Liewewiesen oder net.

Och wann et bis haut keng definitiv Äntwert iwwer den Afloss op d’Gesondheet gëtt, héiert ee leider dacks Argumenter déi méi mat politeschen an ideologeschen Iwwerzeegungen, respektiv ekonomeschen Iwwerleeungen ze dinn hunn, wéi mat wëssenschaftlechen an technesche Fuerschungsresultater.

Am Virtrag geet et emol fir d’éischt dorëm ze erkläre wéi de  sougenannten „Elektrosmog “, entsteet, a wat fir eng Zorte Felder op eis awierken.

Well den Elektrosmog net ze spieren ass, gi wärend dem Virtrag  mat Hëllef vu Moossinstrumenter verschidden elektromagnéitesch Felder déi eis ëmgi visualiséiert an erkläert.

Wien interesséiert ass, ka sech scho mat eis um 12.30 Auer gemittlech fir d’Mëttegiessen am Clubraum treffen. Zerwéiert gëtt de Menü du jour fir 13 €.

Méindes, 25. Februar

um 14:00 Auer

am Club Haus Am Becheler

Participatioun: gratis

Mellt Iech wgl. u bis den 20. Februar. Mir soe Merci.