Endlech Alaska

Mat dësem drëtten Deel schléisst de Jay Schiltz seng Alaska-Trilogie mam Monique a mam Marcel of. No den turbulenten éischte Jore vun hirer Pensioun (E Wäibierg an Alaska) an dem Marcel sengem Ausflug an d’Politik (Wéi wäit nach bis Alaska?) maachen déi zwee am leschten Deel elo de Bilan vun engem laangen a gemeinsame Liewen. Mee dat geschitt allerdéngs op eng Art a Weis, déi op dëser Plaz net soll verrode ginn. Och am drëtten Deel sinn d’Monique an de Marcel, wéi ëmmer, fir eng Iwwerraschung gutt.

Mat vill Witz a plazeweis schwaarzem Humor, awer och nodenklech, beschreift de Jay eng Koppel, déi zu gudder Lescht mat deemjéinege konfrontéiert gëtt, deen op eis alleguer waart.

 

Mat: Mady Dürrer, Marcel Heintz, Monique Melsen

Regie: Claude Mangen, Regieassistenz: Cristina Kneip, Kostümer: Sylvie Hamus, Technik: Jakes Hoffman, Charel Stoltz

 

Freides, den 7. Dezember 2018 um 20.00 Auer am Escher Theater. Treffpunkt am Agang vum Theater, Säit vun der Brillplatz.

 

Preis: 17 € (1h30, keng Paus)

Mëllt Iech als éischt un. Iwwerweist da mam Vermierk „Alaska“.