Eng aner Facette vum Kierchbierg

Mär entdecken haut en aneren Deel vun eiser Stad: bei der Philharmonie geet et lass, laanscht de Mudam bis erof a Clausen. E schéinen awer och ustrengende Wee mat villen Trapen erwaart eis hei. Et geet laanscht d’Gebuertshaus vum Robert Schuman, de Mansfeld wee asw.

Eise Guide, d’Renée Noesen wäert mat hiren Erklärungen schonns dofir suergen, datt genuch Pausen gemaach ginn an där vill Neies iwwert eist Stad bäiléiert.

Méindes, den 19. August 2019

RV bei der Entrée vun der Philharmonie um 15.15 Auer ODER op der Schëfflenger Gare. Mär huelen den Zuch vun 14.17 Auer an de Pafendall wou mär um 14.48 Auer ukommen. Vun do aus geet et d’Rolltrapen erop bei de Funiculaire a mam Tram bis bei den Arrêt Philharmonie.

Präis: 10 €

Mëllt Iech als éischt tun. Iwwerweist da mam  Vermierk « Kierchbierg ».

Visite guidée de la partie du Kirchberg située derrière le MUDAM jusque Clausen. Une bonne compréhension du luxembourgeois est nécessaire pour profiter pleinement de ce guidage.