Eng Trilogie iwwer Südamerika Film vum Norbert Lepage (éischten Deel vun der Ecuador-Rees) ECUADOR

Eis Rees féiert eis héich erop an d’Anden. Mir landen zu Quito, Haaptstad vum Ecuador, op 2700 m.

Eng kuerz Excursioun an d’Geschicht vum Land.

Genau op der Äquatorlinn mierke mer, wat fir erstaunlech Kräften hei am Spill sinn.

Iwwer d’Strooss vun de Vulkane geet et bei de Cotopaxi, mat 5897 m héichsten aktive Vulkan vun der Welt.

Duerno mam Kanu iwwert den Napo, Zoufloss vum Amazonas, an de Reebësch.

Hei léiere mer d’Kichuaindianer kennen an hir Aktivitéiten. Déiren am Bësch: vum Af iwwer Papagei, Gëftfräsch, Tukan bis Termiten.

Duerno op Otavalo, um Fouss vum Cotacachi (4944 m): Hochlandindianer. « Mercado de Animales » Véimaart, méi authentesch geet et net. « Plaza de los Ponchos ».

Bei engem Wiewer an engem Instrumentebauer kréie mer en Abléck an hir Aarbecht. Ecuador, éischte Rouseproduzent vun der Welt: néiërens wuessen d’Rouse méi riicht wéi hei, ënnert der Sonn um Äquator.

Fir eis Rees ofzeschléissen, fuere mer op Mindo. Onvergiesslech d’Nuets-Fotosafari am Niwwelbësch oder d’Sich nom Andenfelshahn uewen um Bierg.  Orchideeën, Päiperlécken a Kolibrien, d’Diamante vum Niwwelbësch.

Mir suerge fir Bréidercher a Gedrénks.

Méindes, 4. November

Um 17.00 Auer

am Club Haus Am Becheler

Participatioun: gratis

Mellt Iech w.e.g. un! Mir soe Merci.