Eng Trilogie iwwer Südamerika Film vum Norbert Lepage (zweeten Deel vun der Ecuador-Rees) GALAPAGOS

1000 km westlech vum Ecuador, matten am Pazifik, leien déi 40 Vulkaninsele vum Galapagos Archipel. Mir besichen d’Inselen Santa Cruz, Isabela, Fernandina a Floreana. Geologesch gesinn, sinn déi Insele ganz jonk. D’endeemesch Déieren, déi mir hei virfannen, sinn entweder durch Mieresstréimungen oder de Wand heihi gedriwwe ginn a konnten sech ganz ouni mënschlech Preesenz entwéckelen.

D’Déieren hu sech un hire Liewensraum ugepasst.

Sou fanne mir hei Pinguinen (um Äquator!!), déi duerch den Humboldstrom vum Südpol heihi komm sinn. Kormorane, déi net méi fléie kënnen. (eenzegarteg op der Welt), Séiléiwen, déi e paradisëscht Liewe féieren. Pelikanen, Klippenkrabben a Risendeckelsmouken (Tortugas Gigantes), déi op deene verschiddenen Inselen verschidde Forme vu Panzer an Hals hunn. Fregattvullen, d’Piraten aus der Loft. Flamingoen, a net ze vergiessen d’Land – an d’Mierechsen. Imps of the Darkness / Kobolde der Finsternis huet de Charles Darwin si genannt, den Darwin, dee Galapagos weltberühmt gemaach huet.

De Blaufußtölpel wëlle mir net vergiessen, heen ass dee fotogeensten a steet fir all Déieren, déi mer net ernimmt hunn.

Déieren op Galapagos hunn iwwerhaapt keng Schei virum Mënsch an et muss ee sech emmer erëm an Erënnerung ruffen: du bass hei an der wëller Natur.

1959 huet den Ecuador 95% vum Archipel zum Naturreservat erklärt.

 Naturfrënn! Loost Iech dëse Film net entgoen!

Mir suerge fir Bréidercher a Gedrénks.

 Méindes, 11. November

Um 17.00 Auer

Am Club Haus Am Becheler

Mellt Iech w.e.g. un! Mir soe Merci.