Escher Meedchen

“D’Mam huet dat eenzegt richteg gemaach: Se huet eis “Paus” bäibruecht. Dat, wat se selwer am Beschte konnt. Bevir ee mat de Wierder ronderëm hantéiert, muss een d’Paus beherrschen. Den Silenz. Dee gehéiert beim Schwätzen dozou. De richtege Moment näischt ze soen ass di essentiell Basis vum Schwätzen.”

Wat awer geschitt, wann Paus ze grouss gëtt? Wann den Silenz onerdréiglech gëtt? Wann Wierder ufänken, an engem ze jäizen?

D’Mona huet vu klengem un geléiert, dass Wierder wéi doen kënnen an et besser ass, den Mond ze halen. Aus Angscht, den anere Leit wéi ze doen, entscheet et sech dozou, seng Paus ze  verbesseren, andeems et Fëllwierder benotzt, laacht, Zigaretten ufänkt an Alkohol konsuméiert.

Vu baussen dréit Paus d’Mona ze erdrécken a vu bannen bauen all di onausgeschwate Wierder Drock op, di gläich explodéieren. Lo muss et sech decidéieren: léisst d’Mona sech vum Silenz erdrécken oder léisst et all di Wierder fräi, di sengem Ëmfeld schueden?

Nom Succès vum Mandy Thiery sengem Débutstéck an der leschter Saison, ass den Escher Theater houfreg et nach eng Kéier op de Programm ze setzen. “Escher Meedchen” ass eng gekonnt Milieustudie iwwert den Deel vun der Gesellschaft deen oft lénks leien gelooss gëtt, dem Mandy Thiery säi Stéck beweist wéi ähnlech dach eis Problemer sinn.

Mëttwochs, den 22. Mee 2019 um 20 Auer

Präis: 17 €

Mëllt Iech als éischt un. Iwwerweist da mam Vermierk „Escher Meedchen“.

Rv AM Theater, Säit Brillplatz

Dauer: 1h00, keng Paus, free seating op der Bühn

Regie: Rafael Kohn Bühnebild: Jörg Brombacher

Mat: Brigitte Urhausen