Fotoreportage „Norwegen mat HURTIGRUTEN“ mam Roger Folmer

Vu Bergen bis Kirkenes un der russescher Grenz sinn et mam Schëff 1250 Séimeilen, dat heescht 2300 km. Do hunn d’Norweger virun 125 Joer eng Léisung fonnt fir méiglechst séier Leit, Gefierer, Wueren a Post op där Streck a 34 Häfen ze bréngen. Déi Rees mat HURTIGRUTEN dauert mat méi oder wéineger laangen Openthalter an den Häfen fir hin an zréck 12 Deeg, laanscht d’Küst, um offene Mier, awer meeschtens zwescht den honnerte vu groussen a klengen Inselen erduerch.

Et huet een d’Méiglechkeet schéi Stied ze besichtegen wéi Bergen, Trondheim, Tromsø asw. an herrlech Excursiounen iwwert Land ze maache mam Bus, wéi vum Geirangerfjord iwwert d’Bierger op Molde, d’Atlantikroute vun enger Insel zur anerer, oder mam Boot bei d’Vulleninselen.

Een Héichpunkt ass natierlech em Hallefnuecht uewen am Norden d’Sonn ze gesinn déi am Summer net ënnergeet.

Mir suerge fir Bréidercher a Gedrénks.

Méindes, 21. Oktober

Um 17.00 Auer

Am Club Haus Am Becheler

Präis: gratis

Mellt Iech w.e.g. un! Mir soe Merci.