Geféiert Visitt vun der Ausstellung Nico Klopp am MNHA

De lëtzebuergesche Moler Nico Klopp, 1894 gebuer zu BechMaacher an 1930 gestuerwen am Alter vun nëmme 36 Joer, gëtt zu de postimpressionistesche Moler gerechent.

Den Nico Klopp koum aus dem Wënzermilieu. Hien ass an d’Handwierkerschoul an der Stad gaangen. Seng Elteren si fréi gestuerwen. No hirem Doud, huet hie sech fräi gefillt, fir vun 1915-1920 zu Düsseldorf a Weimar Konscht ze studéieren. Well hie vun der Konscht eleng net liewe konnt, war hie vun 1923 un Gemengereceveur zu Réimech.

Zäitweileg huet hien op Schoulen Zeechenunterrecht ginn, an huet nach en Täschegeld als Kanéngerchersziichter verdéngt. 1927 huet hie sech mat e puer anere Kënschtler, wéi dem Joseph Kutter, dem Claus Cito, dem Auguste Trémont an anere vum Cercle Artistique getrennt, well him de Cercle ze réckstänneg war. Si goufe Sezessioniste genannt, well se 1927 e Salon de la Sécession organiséiert haten.

Den Nico Klopp huet vill Biller vun der Musel gemoolt, bekannt si virun allem seng Biller vun der Muselbréck zu Réimech. Hien huet och Blummebiller gemoolt an dobäi hat hien eng Preferenz fir Tulpen. Ausserdeem war hien e Meeschter an Holz- a Linoschnëtter.

Wikipedia

 

Bei enger geféierter Visitt léiere mär haut méi iwwert dëse Moler a seng Wierker kennen.

 

Mëttwoch, den 30. Oktober 2019 um 15 Auer am MNHA

Oder RV op der Schëfflenger Gare. Mär huelen den Zuch vun 14.09 Auer a gi vun der Stater Gare aus zu Fouss an de Musée.

Präis fir Entrée a Féierung: 12 €

 

Mellt Iech als éischt un. Iwwerweist da mam Vermierk „Nico Klopp“.