Homéopathie

D’Homeopathie an déi erstaunlech Eegenschaften vum Waasser

Homeopathesch Mëttelcher si beléift, besonnesch bei klenge gesondheetleche Problemer. Och Doktere verschreiwen alt homeopathesch Mëttelen an Apdikte verkafen se gären a vill. D’Homeopathie huet awer e Problem, si baséiert net op e wëssenschaftlech noweisbare Prinzip. Deene Léit, déi awer iwwerzeegt sinn, datt esou Mëttelen hinnen hëllefen, ass dat egal. Verständlech an dach awer iergendwéi erstaunlech. De Virtrag geet op den Ursprong an d’Geschicht vun der Homeopathie an a firwat hir Wierkungsweis, déi de Samuel Hahnemann erkannt wëll hunn, net ka vun der haiteger Naturwëssenschaft unerkannt ginn.

Am Virtrag geet et dann och em en Haaptbestanddeel vun den homeopathesche Mëttelen, d’Waasser. An do si sech d’Naturwëssenschaftler sech eens, Waasser ass vill méi wéi nëmmen H20, a seng Eegenschafte kënne méiglecherweis och d’Wierkung vun der Homeopathie erklären.

Conferencier: Claude Hallé

Mëttwochs, de 25. Mäerz 2020 um 14 Auer

Gratis.

Mellt Iech bis spéitstens den 18. Mäerz un.