Kabaret Sténkdéier – Tabula Rasa! im Cube 521

„Et gëtt esou Momenter am Liewen: entweeder ganz ophalen oder alles zréck op Start an nei ufänken: Tabula Rasa!

An der Politik ass et kloer, all fënnef Joer fänkt alles vu vir un, a fir dat wat war, wëllt kee méi d’Verantwortung iwwerhuelen. De Wieler mëscht d’Kaarten nei an d’Parteie schoustere sech géigensäiteg de schwaarze Péiter zou oder verdeelen d’Kinneken, d’Essen an d’Dammen esou wéi et hinne grad am beschte passt an nennen dat dann „de Wielerwëllen“. Bléist de „Wind of change“ oder bleift alles beim Alen? Ëmmer méi Leit ass dat komplett egal a se ginn e wäissen Ziedel of.

Een neit Kapitel gëtt iewer och am Privaten ëmmer méi dacks opgeschloen, wien huet dann nach Loscht, haut, wou mir alles wëllen, villes hunn, iewer näischt däerfen, ee ganzt Liewe mat engem eenzege Partner ze verbréngen? Dat ass langweileg a weder spannend nach ofwiesslungsräich. Hu mir eist Liewen emol zerguttst an de Sand gesat, drécke mir op de „Reset-Knäppchen“ a kafen eis een neit. Schliisslech hu mir et jo – nach ëmmer!“ Quelle: Cube 521

 

Wann:              Donnerstag, 8. November, 20:00

Wo:                   Cube 521, Marnach

Preis:                18 € (Begleitperson steht mit Tickets neben der Kasse)

Anmeldung bitte bis spätestens Freitag, 19. Oktober