Kachatelier „ Agekachten Tomatenzooss“

Ob Cocktail-, Fleesch-, oder Kiischtentomaten: all Zorten enthale vill verschidde Vitaminnen an Mineralstoffer. Am Juli an August ass Tomatensaison. Zesumme mam Dominique preparéiert Där, wéi schonns di lescht Joren, Tomatenzooss mat frëschen italienesche Kraider fir ze versuergen (esou wéi d’Zooss fréier agekacht ginn ass).

Där kritt 6-8 Glieser (±1ltr) mat heem, sou dass Där am spéiden Hierscht a Wanter dovunner profitéieren kënnt. En Atelier gëtt gehale vum Dominique.

Bréngt w.e.g e Schiertech mat.

Mëttwochs den 7. August vun 08.30 bis 11.30 Auer

Oder Donneschdes, den 22. August vun 08.30 bis 11.30

Präis: 19€

Mellt Iech als éischt un. Iwwerweist da mam Vermierk „ Kachatelier Tomaten“.

Atelier de cuisine: découvrez la tomate dans tous ses états.