Kasakhstan & Kirgistan e Film vum Norbert Lepage

Zwee Länner op der aler Seidestrooss an Zentralasien. Seid 1991 onofhängeg Republiken.

Zwee Länner mat enormem tourisesche Potenzial: Landschaften, wéi aus dem Billerbuch.

Almaty, fréier Haaptstad vum Kasakhstan an Handelszentrum, mat als Hannergrond d’Tien Shan Bierger, deels 7000 m héich. Endlos Steppe mat hire Päerd.

Kirgistan: De Véimaart vu Karakol, wat en Erliefniss. Orthodox Kierchen a Moscheeën.

An dann de Issyk Kul See, de Stolz vun de Kirgisen, kristallkloer, 700 m déif. Fielsgravüren, Petroglyphen, vun der Unesco klasséiert.

Och bei de Nomaden an hire Jurte ware mir zu Gaascht; hu Stutemëllech gedronk.

Vu Bischkek, Haaptstad vum Kirgistan zréck op Almaty a vun do aus mam Fliger op Astana, nei Haaptstad vum Kasakhstan. Matten an der Stepp breet sech hei eng futuristesch Stad aus, eng „Spillplaz“ fir all renomméiert  Architekten.

Wat eis am meeschten imponéiert huet: d’Gentillesse an d’Frëndlechkeet vun de Mënschen.

Mir si virwëtzeg dohi geflunn a begeeschtert erëmkomm.

Biller zu dësem Film: Josiane a Norb.

Mir suerge fir Bréidercher a Gedrénks.

Méindes, 10. Februar

Um 17.00 Auer

Am Club Haus Am Becheler 

Participatioun : gratis

Mellt Iech w.e.g. un! Mir soe Merci.