Konscht bannen a baussen

Zesumme mat eisem Guide , dem Renée Noesen, entdecke mär haut flott Plazen um Kierchbierg. Mär starte beim Auchan, werfen e Bléck op Spezielles an der Géigend wéi z.B. an di wonnerbar Anlag a Gaart vun der BGL. Weider geet et laanscht d’Rehaklinik, eran an Deutsche Bank ier den Tram eis op den Heemwee begleet. Wéi ëmmer wäert d’ Renée Noesen eis Intressantes zielen an eis op Villes opmierksam maachen.

Méindes, de 15. Juli 2019.

RV bei der Haaptentrée vum Auchan um 15.15 Auer ODER op der Schëfflenger Gare. Mär huelen den Zuch vun 14.17 Auer an de Pafendall wou mär um 14.48 Auer ukommen). Vun do aus geet et d’Rolltrapen erop bei de Funiculaire a mam Tram bis bei den Arrêt Auchan.

Präis: 10 €

Mëllt Iech als éischt un. Iwwerweist da mam  Vermierk « Kierchbierg ».

Visite guidée du Kirchberg. Une bonne compréhension du luxembourgeois est nécessaire pour profiter pleinement de ce guidage.