Lëtzebuerger Lidder däerfe net verluer goen!

eng Initiativ vum Jean Kandel

Lëtzebuerger Lidder däerfe net verluer goen !

Jo, vun deem Lëtzebuerger Kultur-Patrimoine musse mir onbedéngt dat retten wat nach ze retten ass.

A wann dir ausgefale Lëtzebuerger Lidder hutt, da bréngt eis déi Dokumenter an de Becheler fir den Archiv a fir se ze sangen !

Oder rufft un beim Jean Kandel, Mamer : 621 665 212.

Eemol am Mount hu mir eng Lidderstonn, animéiert vum Jean Kandel an um Piano begleed vum Michel Winter.

Jiddereen, och ouni grouss « Sangkenntnësser »,  kann eise Lidderschaz matsangen !

Geleeëntlech bidde mir och kleng Optrëtter fir eis Lidder no baussen ze droen.

Sangen deet gutt a mécht Freed ! Kommt a sangt mat!

Mëttwoch nomëttes 1 Mol am Mount

Wéini? 18. September

  1. Oktober
  2. November
  3. Dezember

Um wéivill Auer?:     16:00-17:00 Auer

Wou? :                         Club Haus am Becheler

Präis? :                         Participatioun gratis