Liewen Konferenz mam Claude Hallé

Et kënnt een unhuelen dat mer haut genau wësse wat „Liewen“ ass.

D’Naturwëssenschaft konnt zwar villes iwwer de ganz spezielle Phänomen dee mer „Liewen“ nennen erausfannen, huet awer keng Anung wéi et entstanen ass, a ka bis haut keng lieweg Zell nobauen. Am Virtrag schwätze mer emol fir d’éischt iwwer d’Zell allgemeng, a ginn der Fro no wéi aus doudeger Matière e liewegt Wiesen entsteet.

Da stelle mer di veschidden Entstehungstheorie vir. Ugefaange mat där vum puren Zoufall bis zu der erstaunlecher Iddi, datt mir guer net vun „Hei“ sinn, an datt all Liewen aus dem Weltall staamt.

Natierlech kann een net iwwer Liewe schwätzen, ouni d’Evolutioun vun de Liewensformen ze betruechten, a sech d’Fro stelle wat eigentlech de Bewosstsënn ass?

Dat erlaabt eis schliisslech di berühmte Froen ze stellen: Ween si mer? Wat maache mer hei? Wou gi mer hin?

Mëttwochs, 23. Oktober

um 18:00 Auer

am Club Haus Am Becheler

Participatioun: gratis

 Mellt Iech w.e.g. un! Mir soe Merci.