Mat der „MS Amadea“ an den héije Norden e Film vum Norbert Lepage

Eis Schëffsrees féiert eis vun Hamburg, iwwer Schottland, Island, Färöerinselen, Shetlandinselen an Norwegen. Dobei maache mër Escale  op deene schéinste Plaatzen: Schottland erstaunt ëmmer erëm (ënnert anerem) mat sénge wonnerschéine Blummegärt.

D’Westermännerinsel Heimaey, 20 km südlech vun Island,  wou d’Lava vum Helgafell beim Ausbroch vun 1973 genau virum eenzegen Hafen vun der Insel konnt gestoppt ginn.

Island mat senge Geysiren, Waasserfäll Gullfoss a Godafoss, séng Schwiefel- a Schlammquellen. Landschaften, déi engem den Otem verschloen.

Eng ganz nei Entdeckung sinn d’Färöerinselen. Si gehéieren zwar zu Dänemark, genéissen ower eng Autonomie a sinn duerfir nët an der EU. An d’Shetland Inselen, schottescht Gebitt. An der Eisenzäit sinn déi befestegt, geheimnisvoll „Brochs“ entstanen.

Eist lescht Zil ass Norwegen: Bergen, mat engem hommage un de Moler Edward Munch, Stavanger, eise spezielle „coup de coeur“.

5 Länner an engem Owend; e gutt gefëllte Programm.

 Mir suerge fir Bréidercher a Gedrénks.

Méindeg, 11. Februar

um 17:00 Auer

am Club Haus Am Becheler