NAMIBIA Reportage vun der Becheler Kulturrees 2018 mam Norbert Lepage

4200 km ware mer ënnerwee, meeschtens op knubbelëge „Wellblech“Pisten an hunn den Tour vu ganz Namibia gemeet. Windhoek, Quivertree Forest, Giant’s Playground, Fish-River Canyon, zweetgréisste Canyon weltwäit, d’Namibwüst muerges fréi, wat e Schauspiel, Sossusvlei a Sesriemcanyon.

Swakopmund um Atlantik. An hei en Highlight: mat engem klenge Sportfliger iwwert d’Namibwüst, laanscht eng Donnerwiederfront. Hei ass an deem Dag méi Ree gefall wéi soss an engem Joer. Fantastesch Biller!

Weider Highlights: Besichtigung vu Fielsgravüren zu Tvyfelfontein, 2000 bis 10.000 Joer al an op Besuch beim Damaravollek an hirem Living Museum.

An dann d’Kiischt um Kuch: den Etosha National Park am Norden, 10 mol esou grouss wéi Lëtzebuerg.

A Chance hate mer:  Mir hunn immens vill Déiere gesinn, wat nach laang net ëmmer de Fall ass.

Eng wonnerschéi Rees.

An eng gutt Geleeënheet d’Rees nach eng Kéier ze genéissen oder nei ze entdecken:

Mir suerge fir Bréidercher a Gedrénks.

Méindes, 2. Dezember

Um 17.00 Auer

Am Club Haus Am Becheler

Participatioun : gratis

Mellt Iech w.e.g. un! Mir soe Merci.