Naturschutzgebitt “Prënzebierg – Giele Botter” mam Charles Storoni

Während eiser guidéierter Visitt  mam Här Storoni entdecke mir de Site vum lëschten Tagebau hei zu Lëtzebuerg. Mir kënne feststellen wéi d’Natur sech dësen, vum Mënsch verloossen, Areal erëm zréckeruewert huet.

Op eisem Tour duerch Naturschutzgebitt “Prënzebierg – Giele Botter” kréie mir vill interessant Informatiounen iwwer Geologie, Botanik a Fauna. Mä och d’Geschicht vun eiser Minett versetzt eis an déi Zäiten zréck wou hei um Prënzebierg nach d’Buggië gerullt sinn.

Dënschdes, 26. Mäerz

11:15 Auer     Depart beim Club Haus Am Becheler

12:00 Auer     Mëttegiessen „ Bäi der Giedel“ am Fonds de Gras

14:00 Auer    guidéiert Visitt  um Prënzebierg (+/- 2 Stonnen)

Präis:                    50 € (Transport, Mëttegiessen)

Ihr Platz ist nach Erhalt des Betrages von 50 € gesichert

Wir bitten Sie sich telefonisch oder per mail bis zum 18. März anzumelden und den Betrag von 50€ auf das Konto BGL LU14 0030 3939 3148 0000 zu überweisen mit dem Vermerk “Prënzebierg”