Owes net eleng an de Restaurant

Där hätt Loscht owes iessen ze goen? Eleng traut Där Iech awer net esou richteg? Et ass och net sou flott eleng wéi a geselleger Ronn. Dofir hu mär fir Iech 1 Mol de Mount e Restaurant ausgewielt, fir zesummen e puer schéi Stonnen ze verbréngen.

Mär treffen eis meeschtens am Restaurant, iessen à la carte. De Grupp ass op 14 Leit begrenzt. Et gëtt direkt op der Plaz bezuelt: Är Umeldung ass awer verbindlech aus Respekt virum Restaurant.

De RV ass ëmmer am Restaurant um 19 Auer.

Mëttwochs, den 26. Februar 2020

Am Restaurant Shirafù huet där eng grouss Auswiel u Sushis, Wok, chinesesch a japanesch Platen.

RV : 18-22, rue du Brill zu Féiz (gutt mam Bus ze erreechen)

Mëttwochs, den 25. Mäerz 2020

An der Crêperie moderne kritt där allerlee Zorten Zaloten mee virun allem ass dëse Restaurant bekannt fir seng „Crêpes salées, galettes, crêpes sucrées“

RV: Belval Plaza, place de l’académie op Esch/Belval (gutt mam Zuch oder Bus ze erreechen)

Mëttwochs, den 22. Abrëll 2020

Restaurant Le Cèdre bitt Spezialitéiten aus dem Libanon un.

RV: 63, rue de la Libération zu Esch (net wäit vun der Gare)

Umëlle w.e.g.

Passer la soirée au restaurant, mais pas seule…exclusivement pour les dames

Vous avez envie de passer de bons moments dans un restaurant? Mais y aller toute seule ne vous convient pas ? Nous vous proposons d’y aller en petit groupe (14 personnes max) 1 fois par mois le mercredi soir. Nous nous donnons RV au restaurant, mangeons à la carte, chacune paie sur place.