Portraitshooting am Becheler mat de Walfer Foto-Frënn

An Zesummenaarbecht mam Club Haus am Becheler organiséieren d’Walfer Foto-Frënn e Portraitshooting an der Cafeteria. Wann d’Wieder et erlaabt, kënn Dir Iech och am Park vum Becheler fotographéieren loosen.

Matmaachen kascht näischt a jiddereen, deen an eis Kamera laacht, kritt zwou flott Fotoen geschenkt.

Donneschdes, 14. September

Vu 14:30 bis 17:00 Auer

An der Cafeteria vum Becheler               (Max 10 Pers.)

Umelle kënnt Dir Iech bis den 7. September am Club Haus am Becheler, Tel. 33 40 10-1 oder per Mail becheler@pt.lu.

Mir soen Merci.