Reiki – an Energiesëtzungen

Wat ass Reiki oder energetescht Heelen?

 

Reiki oder Energetescht Heelen schafft mat de positiven Energien aus dem Universum.

 

Et wierkt op de ganze Mënsch. Et gi keng Symptomer behandelt, et kann och keen Dokter a keng Medezin ersetzen mee et kann als zousätzlech Therapie verstane ginn fir d’Schoulmedezin ze ënnerstëtzen. All Krankheetssymptomer déi Där hutt,  mussen onbedéngt vun engem Dokter ofgeklärt ginn.

 

Reiki oder energetescht Heelen kann hëllefen Blockaden opzeléisen, en Ausgläich an den Chakren ze bréngen an d’allgemengt Wuelbefannen ze verbesseren.

 

Dës Seance gi gehalen entweder vum Tanja Albonetti (Reiki Master) oder vum Claudia Scolastici (Reiki Master, Energetescht Heelen) oder vum Myriam Wiot (Energetescht Heelen)- dëst jee no Unzuel Umeldungen.

Dënschdes tëscht 19.00 an 21.00 Auer kënne RV-en am 20 Minutten- Takt fixéiert ginn den 8. Januar; 5. Februar; 5. Mäerz an 2. Abrëll 2019

Dauer: +- 20 Minutten. Dot bequem Kleeder un. Matte stinn Iech zur Verfügung.

Präis: 15 €

Mellt Iech als éischt un. Iwwerweist da mam Vermierk „Reiki + Datum“.