Shopping Tour op Konz

Fir déi Leit, déi net esou oft d’Méiglechkeet hun shoppen ze goen, organiséiere mär haut e flotten Ausfluch op Konz an d‘Geschäftszone „Wilde Acht“. Hei fannt Där eng ganz Partie Geschäfter ewéi: KIK (Kleeder an Deko), Fressnapf (Alles fir Déieren), DM (Drogerie Markt), Deichmann (Schong), Euroniks (Elektresch Apparater), Tchibo (Kaffi), Edeka (Liewensmëttel), Bäckerei Wildbadmühle (Brout), Harley Davidson (Motorrieder a Kleeder), Takko (Kleeder), Tedi (Bastel-an Deko-Artikelen), Aldi (Liewensmëttel) an natierlech eng Spuerkeess mat engem Bankomat.

Mär fuere beim Club Haus beim Kiosk um 11 Auer fort.

Um 12 Auer iesse mär am Bistro Blockhaus zu Mëtteg (wann där Vegetarier, sidd da sot eis Bescheed.)

Um 13.30 Auer geet et da weider mam Shoppingtour.

 

Mëttwochs, den 19. Juni 2019

 

Präis: 35€ fir den Trajet an d’Iessen ouni Gedrénks.

Denkt drun är Akafsweenercher oder Kierf matzehuelen.

Mellt Iech als éischt un, spéitstens bis den 10. Juni. Iwwerweist da mam Vermierk « Konz ».

Excursion à Konz où vous pouvez flâner dans les magasins à votre guise. Déjeuner commun à midi. Pensez à emmener vos sacs ou trolleys.