„Tëscht Kaz a Kueder“ Eng Liesung mam Pol Greisch

No sengem Buch „De Monni aus Amerika“, fir dat de Pol Greisch 2013 de Servais-Präis krut, huet hien d‘lescht Joer mam Titel „Tëscht Kaz a Kueder“ en zweet Buch och mat Lëtzebuerger Kuerzgeschichten erausbruecht.

Am Klappentext heescht et:

Tëscht Kaz a Kueder” ass eng Usammlung vun eenzelne Kuerzgeschichten, déi eigentlech näischt mateneen ze dinn hunn an trotzdem op eng gewëssen Aart a Weis matenee verbonne sinn. Dëst duerch déi tëschemënschlech Relatiounen, déi net ëmmer esou verlafen, wéi d’Haaptprotagoniste sech dat virstellen. Identitéit, Frëndschaft a Léift – mol glécklech, mol verluer oder souguer verpasst – stinn am Mëttelpunkt vum Pol Greisch sengem Wierk. Op deels lëschteg, deels eescht Manéier bréngt den Auteur de Lieser zum Nodenken a weist, dass d’Liewen een dach ëmmer nees iwwerrasche kann …”

De Pol Greisch liest Auszich aus dësem rezente Buch, woubäi säi Jong, de Carry Greisch, d’Liesung mat eegene Kompositiounen ënnermoolt.

Presentatioun: Pierre Puth

Méindeg, 14. Mee

um 17:00 Auer

am Club Haus Am Becheler

Präis: 12€

Bezuelt gëtt an der Oweskeess.

Mellt Iech w.e.g. bis den 27.Abrëll un!  Mir soe Merci.