Vegan Kachatelieren mam Christiane Sehl

Et ginn ëmmer méi Léit, déi op Fleesch verzichten, dëst aus ville verschiddenen Ursaachen. Awer nieft der vegetarescher fënnt och di vegan Kichen ëmmer méi Unhänger. D’Mme Christiane Sehl kacht zesumme mat Iech e vegane Menü, deen onkomplizéiert ass a wonnerbar schmaacht. Zum gréissten Deel gëtt mat Produkter aus biologeschem Ubau gekacht.

Natierlech gëtt nom Kachen zesumme geschmaacht.

 

Vegan baaken:

Bananekuch,

Äppelstreiseltaart

Schockelaskuch

 

Méindes, den 1. Juli 2019 um 18 Auer

Onkäschtebeitrag fir de Cours mat schrëftlechen Ënnerlagen: 28 €.

Mellt Iech als éischt un. Iwwerweist da mam Vermierk  » vegan baken ».