Vegan Kachatelieren mam Christiane Sehl

Et ginn ëmmer méi Léit, déi op Fleesch verzichten, dëst aus ville verschiddenen Ursaachen. Awer nieft der vegetarescher fënnt och di vegan Kichen ëmmer méi Unhänger. D’Mme Christiane Sehl kacht zesumme mat Iech e vegane Menü, deen onkomplizéiert ass a wonnerbar schmaacht. Zum gréissten Deel gëtt mat Produkter aus biologeschem Ubau gekacht.

Natierlech gëtt nom Kachen zesumme geschmaacht.

Vegan orientalesch :

Lënsenzalot

Schaarf Muertenzalot

Paprika gefëllt mat Couscous an Dattelcrème

 

Donneschdes, de 16. Mee 2019 um 10 Auer

Onkäschtebeitrag fir de Cours mat schrëftlechen Ënnerlagen: 28 €.

Mellt Iech als éischt un. Iwwerweist da mam Vermierk  » vegan orientalesch ».