VENEZIA e Film vum Norbert Lepage

Mir besichen och déi Sestieri, déi nët op dem Touristewee leien. Eise Film féiert äis z.B. an de Juddeghetto oder an de populären Sestier  vum Castello. Mir kucken äis e Squero un, déi  lescht Gondelwerft vu Venedig, den Teatro La Fenice, fuere mam Wassertaxi eraus op  Murano, d‘Insel vun de Glasbléiser oder Burano.

Venedig war  eng Weltmuecht mat hirem Zentrum dem Dogepalais, mee och d’Paart zum Orient.  Den Afloss vum Orient op d’Architektur fanne mir op Schratt an Tratt.

An dann déi Grouss Moler wéi Tintoretto, déi grouss Komponisten wéi  Claudio Monteverdi an Antonio Vivaldi.

An d’Venizianesch Masken, an d’Gondelen …….

Mir freeën eis fir e flotten Film vum Norbert Lepage ze weisen.

Méindeg, 4. Dezember

 

um 16:00 Auer

am Club Haus Am Becheler

 Fir Bréidercher a Gedrénks ass gesuergt.

Mellt Iech wegl. un! Mir soen Merci.