Visite Ochocolats

Viru kuerzer Zäit huet zu Zolwer am Metzerlach e Schockelasgeschäft seng Dieren opgemaach. Hei gëtt et de Schockela vun der Mark Sigôji ze kafen, ausgezeechent mat „meilleur artisan belge 2017“, ausgezeechent 2018 als „meilleur chocolatier de Wallonie et du G.D.L. par le célèbre Gault + Millau“ an aner Präisser.

Mme Kunnert, Patronne vum Geschäft, mécht sech eng Freed draus d’Geschicht vum Euphrasie Mbamba ze zielen a wéi et derzou koum dass et dëse gudde Schockela och elo hei zu Zolwer ze kafe gëtt. Wann där frou sidd mat Schockela a mat eis eng gratis Degustatioun maache wëllt, da mellt iech esou séier wéi méiglech un.

Freides, den 20. September 2019 um 14.30 Auer

R-V op der Plaz: 276, rue Metzerlach zu Zolwer.

Gratis. Maximum 10 Léit. Mellt Iech séier un.

An dëser klenger Boutique mat Kaffisstuff kritt Där och nach de Kaffi vu Knopes, Téi, artisanal hiergestallte Jus‘en a Crémant vum „Domaine Viticole Laurent + Rita Kox“ ze kafen.