Visite vum neie Waassertuerm op der Cloche d’Or mam Pascal Hack

Well d’Nofro d’lescht Joer esou grouss war a mir net all Interessente konnte mathuelen, proposéiere mir nach eng Kéier d’ Visitt vum neie Waassertuerm um Ban de Gasperich. Dëse Waassertuerm ass ronn 70 Meter héich an huet eng Kapassitéit vun 1.000 Kubikmeter. Wéi dee funktionéiert a wéi e vu bannen ausgesäit weist an erkläert eis de Pascal Hack vum Service des Eaux vun der Stad Lëtzebuerg wärend eiser Visite guidée. Mir gi mam Pascal duerch den Tuerm a kënnen déi eng oder aner Saach bäiléieren. Themen, wéi de Kreeslaf vum Waasser, d’Qualitéit oder och de Verbrauch, gi während eiser Visitt erkläert. De Ban de Gasperich, Deeler vun der Cloche d’Or a Gaasperech gi scho vun hei aus mat Waasser versuergt. Ausserdeem kënne mir vun uewe bäi guddem Wieder eng fantastesch Vue genéissen.

Dënschdes, 7. Mee

um 14:30 Auer           Visite guidée

Rv virum Waassertuerm.  De Bus 22 oder 29  fiert dohinner an Dir kënnt um Arrêt „Émile Bian“  oder „Leonardo Da Vinci“ erausklammen.

Präis :                       gratis

Wir bitten Sie sich telefonisch oder per mail bis zum 30. April anzumelden.