Zowaasch, seng Geschichten a Legenden mam Charles Storoni

Während eiser Visite Guidée léiere mir d’Geschicht vun dësem eenzegaartegen Duerf kennen, dat als déi meescht „franséisch“ Uertschaft a Lëtzebuerg zielt. Während eisem Spadséiergank duerch d’Stroossen an iwwer d‘Plaatze gi mir méi iwwer d‘Geschichten an d’Legende gewuer, déi Lasauvage eng staark Identitéit ginn

Lasauvage war ee vun den eelste Site vun der Siderurgie zu Lëtzebuerg. Während +/- 100 Joer ass hei och Eisenäerz aus dem Buedem geholl ginn.

Am Musée Eugène Pesch gesi mir eng aussergewéinlech Sammlung vu Fossilien a Mineralien, d’Resultat vum Eugène Pesch senger Sammelleidenschaft. Ausserdeem ass hei och e Stollen nogebaut wou ee sech e Bild vun deene schwéieren Aarbechtsbedingungen an de fréien 1900er Jore ka maachen. Am „Espace Muséologique “ gëtt vu jonke Lëtzebuerger erzielt, déi sech am 2. Weltkrich an der „Galerie Hondsbësch“ verstoppt hunn fir net musse mat an de Krich ze goen.

Mëttwoch, 13. November

9:15 Auer               Départ am Club Haus Am Becheler

10:00 Auer             Visite  Musée Eugène Pesch

11:00 Auer             Visite Espace Muséologique

12:00 Auer              Mëttegiessen am Restaurant

„Le Presbytère »

14:30 Auer             Visite Guidée vu Lasauvage

Géint 16 :30 Auer     Retour an de Becheler

Präis:             65 € 

Nous vous prions de virer votre participation jusqu’au 30.10. avec la mention “Lasauvage” de 65 € sur le compte BGL  LU14 0030 3939 3148 0000 Haus Am Becheler