Zu Besuch bei der Firma Ost

Zanter iwwer 50 Joer produzéiert dëse Familljebetrib Fënsteren an Dieren aus Holz an Holz-Aluminium an Pfosten-Riegel-Fassaden. Ost gehéiert zu deene wéinegen Entreprisen zu Lëtzebuerg, déi hir Produkter an handwierklecher Traditioun hierstellen.

An der eegener Produktioun zu Gréiwemaacher ginn all Produiten individuell op Mooss hiergestallt. Haut hu mär d’Méiglechkeet e Bléck hannert d’Kulissen ze werfen a vill Intressantes zu dëse Firma an hire Produite gewuer ze ginn.

Duerno gi mär zesummen zu Mëtteg iessen an de Restaurant Simon’s Plaza. (Menü à 25 €: Crêpe-Rolle mit Pilzen und Salatals Vorspeise- Lachsschnitte mit Dillsosse mit Kartoffelstampf und Brokkoli als Hauptgang- Apfeltorte mit Vanilleeis als Dessert)-  a verbréngen nach flott Momenter a geselleger Ronn.

Dënschdes, den 18. Februar 2020 

RV op der Schëfflenger Gare. Mär fuere mam Direktzuch vu Péiteng via Esch Richtung Waasserbëlleg (Départ zu Esch um 8.31 Auer, zu Schëffleng um 8.34 Auer) bis op den Arrêt Wecker. Da geet et weider mam Bus 468 op de Potaaschbierg Z.I..

ODER RV op der Plaz Z.I. Potaaschbierg 14, op der Ahlkërrech Gréiwemaacher  um 10 Auer.

D’Visitt ass gratis. D’Iessen gëtt individuell op der Plaz bezuelt.
Mellt Iech bis spéitstens den 12.2. un.