Bachbléienberoodung

D’Bachbléien sinn eng natierlech, einfach an douce Methode déi hëlleft rëm an eist natierlecht emotionaalt Gläichgewiicht ze kommen. Vun dëser Methode kann jiddereen, vun all Alter profitéieren. D’Bachbléien bréngen Emotiounen rëm an d’Balance. Do wou Angscht war, kennt Courage.

Där hutt vill Stress, fillt iech ausgelaugt, iwwerfuerdert, sidd verzweiwelt, decouragéiert, depriméiert oder léit ënnert Ängschten oder dir maacht grad eng méi schwéier Zäit am Liewen duerch oder awer dir wëllt einfach méi ausgeglach sinn an d’Liewen besser genéissen kennen. Dann sinn d’Bachbléien grad richteg fir iech!

Bei engem Gespréich kucken mir er Situatioun an wat iech stéiert, oder wat dir gär changéieren wéilt. Zesummen decidéieren mir dann er perséinlech Mëschung déi iech an Ärer aktueller Situatioun am beschten ënnerstëtzt. An sou enger Mëschung kennen bis zu 7 verschidden Bléien dran sinn.

Drëpsen gi 4mol den Dag, 4 Drëpsen op d’Zong geholl fir déi erwënschten Resultater ze erreechen.

Eng Berodung dauert tëscht 50 an 60 Minutten an dir kritt er Mëschung direkt mat heem. Dat ganzt fir € 65€.

D’ RVen sinn Dënschdes Moies den 16. Juni tëscht 8 an 12 Auer.

Rufft eis gären un fir Iech unzemellen: 26 54 04 92