Ënsber, een Tour mam Solarboot

Moies geet et gemittlech Richtung Heischent, wou e Besuch an der bekannter «Käerzefabrick» um Programm steet. Op enger Fläch vun 300 Quadratmeter fannt Dir eng Rei Dekor- a Kaddo Artikelen, fir all Goût an all Geleeënheet ass bestëmmt eppes dobäi!

D’Mëttegiessen ass am Pommerlach am Knauf virgesinn, wou jiddereen sech kann op eegen Fauscht stäerken. Um 13.45 Auer geet eis kleng Rees weider mat engem flotten Tour um Solarboot, wou een de Stauséi an d’Uewersauer aus enger neier Perspektiv erliewe kann. Wärend 2 Stonne ginn interessant Detailer iwwert Flora a Fauna, Drénkwaasser an iwwert d’Geschicht vum Stauséi erzielt.

Vue datt mär just zu 10 Leit dierfen op Solarboot, gëtt de Grupp gespléckt, dh deen een Deel geet moies op Solarboot, den aneren Deel an Käerzefabrick, an idem mëttes.

Mëttwoch, den 5. August 2020, Depart um 8.00 Auer beim Club Haus oder um 8.10 Auer um Parking bei der H. Polyvalent.

Präis: 39€ (Transport & Solarboot).

Fir all Aktivitéit umellen Tel. 26 54 04 92 oder Email beimkiosk@clubhaus.lu