Turntreff mam Idette Cattivelli

Trainéiert Är kierperlech Konditioun an Är Figur.

Ënnert der Leedung vum Idette Cattivelli ginn d‘Muskelen op flott Musek an Héichform bruecht. Vun den Zéiwespëtzten bis zu den Ouerläppercher, hei gëtt all Kierperpartie trainéiert.

D‘Idette bréngt vill Energie a Begeeschterung mat an dat stécht un. Am Grupp ass esou eng flott Ambiance, datt een einfach matgerappt gëtt an de Muskelkater net spiert.

Jidderee mécht no sengen individuelle Méiglecheeten mat. Packt Där eng Übung nëmmen 3 Mol? Net schlëmm. D‘Idette motivéiert Iech a mat e bësschen Ausdauer klappt et beim nächsten Training schonn 5 Mol.

 

Dënschdes an Donneschdes vun 9.00 bis 10.00 Auer am Centre sportif zu Schëffleng, rue du Parc.

Carnet fir 10 Séancen: 22 €.

 

Gymnastique le mardi et jeudi de 9.00 h à 10.00 h au Centre Sportif à Schifflange, rue du Parc

Carnet de 10 séances à 22 €.

 

Fir all Aktivitéit umellen Tel. 26 54 04 92 oder Email beimkiosk@clubhaus.lu